Walfer Foto-FrŽnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 "Landscapes" - Expo an interne Concours

Mir wëllen dëst Joer eis permanent Galerie am Haus am Becheler erneieren a mir sinn nees gefrot ginn, fir mat enger Fotosausstellung bei de Walfer Bicherdeeg dobäi ze sinn.

Fir béid Saachen hu mer ee gemeinsame Sujet erausgesicht: "Landscapes" - Landschaften.

Dat kënne Landschaften hei aus dem Land, aus der Groussregioun oder vu méi wäit ewech sinn. Haptsaach et si flott an interessant Biller.

De läschten Dag fir seng Fotoen ofzeginn ass den 3.9.2018 (an der Memberversammlung).

D'Fotoe sollen am Format 2:3 an an héchster Opléisung sinn.

Ufanks September mécht eng intern Jury de Choix vun den ca 70 beschte Fotoen fir an d'Haus am Becheler. Aus dëse 70 Fotoen sicht dann eng extern Jury déi 25 Fotoen eraus, déi mer bei de Bicherdeeg weisen.

Déi Foto, déi vun der Jury am meeschte Punkte kritt, gewënnt e Präis. Déi zweet- an drëttbescht Fotoen ginn och ausgezeechent. D'Remise des prix ass am Kader vun der Vernissage um Virowend vun de Bicherdeeg.

Matmaachen däerf all aktive Clubmember, dee seng Memberskaart fir 2018 bezuelt huet!