Walfer Foto-Frėnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 Programm 2022 - Allgemeng Informatiounen

Well mer momentan net dovun ausginn, datt déi sanitär Situatioun sech an den nächste Wochen a Méint verbessert, fuere mer bis op Weideres esou weider, wéi mer dat 2021 gemaach hunn.

- eis traditionnell Méindesreuniounen (sauf imprévu ëmmer den 1. Méindeg am Mount) bleiwe weider bestoen, sinn awer wéinst Corona op 10 Leit begrenzt (=> onbedingt am Viraus umelle w.e.g.!). Feste Bestanddeel vun dëse Reuniounen ass, datt all kéiers een anere Member wärend 15 - 20 Minutten seng Fotoe presentéiert an duerno de Kolleegen*innen Ried an Äntwert steet;

- Niewt de fest programméierte Méindesreuniounen bidde mer weiderhin och Aktivitéiten un, déi meeschtens eréischt dann an de Programm opgeholl ginn, wa se sech ubidden;

- Grondsätzlech komme sämtlech Clubaktivitéiten (mat Zäit) an de Programm stoen! Kuerzfristeg organiséiert Eventer ginn an den News ugekënnegt an, je no Envergure, och per InfoMail matgedeelt.

- Zanter 2021 existéiert eng WhatsApp-Grupp mam Numm "Clubaktivitéiten", wou haptsächlech kuerzfristeg méigelech Aktivitéiten ugebuede ginn a wou sech doriwwer kann ausgetosch ginn. All aktive Member ka sech an dës Grupp aschreiwe loossen! (Ufro beim President!). Dës Grupp fonktionnéiert zousätzlech zu Info-Mailing an Homepage, wou och weiderhin all Aktivitéit ugekënnegt gëtt.

- Doniewt gëtt et neierdéngs eng "Infogrupp WFF Models" speziell fir Memberen, déi sech fir Modelshootingen interesséieren. Wien Interessi huet ka sech iwwer WhatsApp beim Raymond Mack fir de Grupp umellen.

 D'Datumme vun de Méindesreunioune fir d'Joer 2022 fannt der ënner "Versammlungen" an, mat weider Detailler, am "Programm"!