Walfer Foto-FrŽnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 Fotoshooting am Fond-de-Gras

De Sonndeg 27.11.2022 treffe mer eis um 13:30 Auer am Fonds de Gras fir e Fotoshooting a Steampunkatmosphär vu 14:00 bis 18:00 Auer an der Hal vum Train 1900 an och ronderëm.

D'Memberen aus dem Uelzechtsdall, déi sech fir de Shooting ugemellt hunn, kënnen och bei de Studio kommen, vu wou aus mer da géint 12h45 fortfueren.
 
Wann d'Wieder matspillt, kréie mer eng Lokomotiv erausgestallt an de ganze Mëtteg si Modelen a Steampunkkostuméierung dobäi.
 
Oppassen: An der Hal ass et relativ däischter a géint 5 Auer ass dat och dobaussen de Fall, sou datt jiddereen op mannst säi Blëtz oder soss eng Liichtquell sollt dobäi hunn.
 
De Club iwwerhëlt en Deel vun de Käschten, ma et bleiwe viraussiichtlech nach ca. 100€ tëscht de Participanten opzedeelen. Dat geschitt dann op der Plaz.