Walfer Foto-Frënn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 CLUBNEWS

CLUBNEWS

- D'Thema vum Salon National ass "Brécken". Mir wëllen dëst Joer als Club matmaachen a wäerten demnächst eis lizenzéiert Memberen zesummeruffen, fir iwwer eng Participatioun ze schwätzen.

- Eise "Mid Season BBQ" steet dëst Joer ganz am Zeeche vun de 40 Joer WFF an ass viiraussiichtlech de Samsdeg, 20.7.2024.

- Vum 26.7. bis den 28.7.2024 fuere mer an d'Vogesen op eng (Foto-)Juegd op d'Gamsen. 5 Leit hu sech ugemellt an domat ass de Grupp komplett a keng Plaz méi fräi.

- Fir déi, déi Fotoe vun Autoe maache wëllen: De Classic Vehicle Club Berbourg organiséiert säin alljärlecht OLDTIMERTREFFEN den 28.7. 2024 zu Berbourg. Et geet um 10h00 lass, ma ab Mëtteg sinn di meeschten Autoen op der Plaz.

- Vum 27.9. bis den 29.9.2024 ass de Club fir e Fotoweekend zu Budapest. Mat 14 ageschriwwene Memberen ass d'Rees leider schonn ausgebucht.

- De Freideg 18.10.2024 gi mer nees op Goussel Keele spillen.