Walfer Foto-FrŽnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 CLUBAKTIVIT…ITEN 2021

Wéi eng Clubaktivitéite geplangt sinn, steet am "Programm"! 

Wann déi eng oder aner proposéiert Aktivitéit iech interesséiert, mellt iech w.e.g. onbedingt beim President oder beim Vize-President un.

Wa sech eppes un den Datummen oder den Auerzäiten ännert, gitt der dann och perséinlech informéiert!

Well Covid-19 nach ëmmer een Thema ass, ass d'Zuel vun de Participanten bei Clubaktivitéiten am Studio op 10 Persoune begrenzt. Dofir ass et wichteg, datt der iech umellt! Wa fir eng Aktivitéit dobannen méi wéi 10 Interessenten do sinn, gëtt déi Aktivitéit, wann nëmme méigelech, nach emol ugebueden.

Niewt den Indoor-Aktivitéiten setze mer haptsächlech op fotografësch Sortien, wou de Risiko fir sech mam Virus unzestiechen net esou grouss ass wéi bei Aktivitéiten dobannen. D'Meteo muss awer matspillen! Ass dat net de Fall, gëtt d'Sortie kuerzfristeg reportéiert an déi Memberen, déi sech ugemellt hunn, gi perséinlech informéiert. Memberen, déi interesséiert sinn, sech awer net ugemellt hunn, solle virun der geplangter Aktivitéit onbedingt hei um Site kontrolléieren, ob d'Aktivitéit stattfënnt.

Bei all eisen Aktivitéiten respektéiere mer déi sanitär Regelen!