Walfer Foto-Frënn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

Detailler iwwer de Club, d'Statuten an d'internt Reglement

D'Walfer Foto-Frënn (W.F.F.) sinn 1984 als a.s.b.l. gegrënnt ginn an hunn hire Siège social zu Walfer.

Zanter hirer Grënnung sinn se bei der Fédération Luxembourgeoise de la Photographie Artistique (FLPA) affiliéiert.

D'Memberen treffe sech 2x de Mount am Clublokal. An der Regel ass dat den éischte Méindeg an den drëtte Mëttwoch vun all Mount, wat 24 fest ageplangte Versammlungen am Joer ergëtt. D'Datumme vun de Versammlunge ginn zu Ufank vum Joer fir dat ganzt Joer festgeluecht a stinn an der Rubrik "Versammlungen". 

Niewt dëse Versammlungen (an deels och amplaz vun däer enger oder aner Versammlung) bidde mer nach vill aner Aktivitéiten un, wéi z.B. thematësch Sortien a Reesen, Workshopen, Fotoshootingen, Fotoanalysen, Projektiounen, Fotosausstellungen asw. Wann et zäitlech méigelech ass, ginn dës Aktivitéiten an der Rubrik "Programm" annoncéiert. Wann net, ginn se an den "News" ugekënnegt a per InfoMail de Membere matgedeelt.

All aktive Member däerf de Studio (ënner bestëmmten Konditiounen - cf. Internt Reglement) benotzen a seng Fotoen an der "Galerie" op eiser Internetsäit weisen. Ausserdem kann e beim clubinterne "Salon d'Auteurs" (all 2 Joer) matmaachen.

Statute vum Club (statuts du club)

Internt Reglement (réglement interne)

Du wëlls Member ginn?

Da komm an eng vun de Versammlungen a kuck der d'Saach un oder kontaktéier eis a mir soen der gären, wéi de Club fonktionnéiert.

Wann dat dech iwwerzeecht, schéck eis eng Mail op wff(at)wff.lu, wou s de eis deng Coordonneeën matdeels (Numm, Viirnumm, Adress, E-Mailadress an deng Telefonsnummer. Ausserdem kanns de eis deng fotografësch Kenntnisser ("Ufänger" bis "Profi") an däi Foto-Equipment (Handy, Kompaktkamera, Spiggelreflex / Hybridkamera ...) matdeelen.

Wichteg ass, datt s de an der Mail bestätegs, datt s de d'Statute vum Club an dat Internt Clubreglement gelies hues an akzeptéiers! 

De Comité decidéiert dann iwwer deng Demande an deelt der seng Decisioun esou séier ewéi méigelech mat. 

Wann deng Demande vum Comité ugeholl gouf, kanns de de Bäitrag vun 30€ fir d'Memberskaart op ee vun eise Konten iwwerweisen (Mentioun: Memberskaart - membre actif). Zanter 2024 iwwerhëllt de Club d'Käschte fir d'FLPA-Lizenz a freet och automatësch eng fir all aktive Member un, ausser du sees eis ausdrécklech, datt s de keng Lizenz wëlls.

Wichteg: Mam Bezuelen vun der jährlecher Kotisatioun (Memberskaart) gëss de dem Club däin Accord, datt deng perséinlech Daten, also däin Numm, Viirnumm, Adress, Emailadress an eventuell och d'Telefonsnummer, gespäichert a fir déi intern Organisatioun vum Club gebraucht ginn. Dozou gehéiert och, datt s de d'accord bass, Info-Mailen iwwer d'Clubaktivitéiten ze kréien. Dës Info-Mailen kanns de awer jidderzäit per E-Mail un wff(at)wff.lu ofbestellen!

Ausser den Info-Mailen verschéckt de Club keng Zort vu Publicitéit u seng Memberen a gëtt och keng perséinlech Daten vu senge Memberen ënner iergendenger Form weider.