Photo-Meet (Thema "Brécken")

Mir kucken an analyséieren zesummen déi Fotoen, déi eis Memberen zum Thema vum Mount ofgeliwwert hunn.

Duerno siche mer déi bäscht Foto vun all Participant eraus. Aus dëser Selektioun gëtt dann d'Foto vum Mount gewielt. Suwuel d'Selektioun wéi och d'Foto vum Mount ginn op eiser Homepage 1 Mount laang gewisen.

Thema vum Mount November:  "Brécken"

Akzeptéiert gi suwuel schwarz/wäiss (resp. monochrome) wéi och faarwech Fotoen

All Member ka (maximal) 5 Fotoen zu dësem Thema op eise Server héichlueden. Wa méi wéi 10 Memberen bei engem Thema matgemaach hunn, komme vun all Member aus Zäitgrënn just déi 3 éischt Fotoen (01 - 03) an d'Selektioun!

De läschten Delai fir d'Fotoen eropzelueden ass de Freideg, 16.11.2018 (inkl.)

Wien säi Passwuert vergiess huet, kann dat beim President nofroen.