Erneieren vun eiser permanenter Foto-Ausstellung am Haus am Becheler

Mir treffen eis um 19:00 Auer beim "Haus am Becheler" zu Bärel.

Fir d'éischt huele mer déi aktuell Foto-Kollektioun mat de Passepartouten aus de Kaderen eraus, botzen d'Kaderen a leeën déi nei Fotoen mat den neie Passepartouten zréck an d'Kaderen. Duerno ginn d'Kaderen nees op den 3 Stäck vum Haus am Becheler opgehaangen.

D'Erfahrung léiert eis, datt mer fir dës Aktivitéit déck 2 Stonne brauchen, wa genuch Leit do sinn, fir ze hëllefen! Schréift iech also elo schonn dësen Datum an äre Kalenner!