Walfer Vollekslaf

Och dëst Joer mécht eise Club nees de Fotoreportage vum Walfer Vollekslaf.

Mir brauche 4 - 5 Fotografen, déi sech a Sportfotografie (e bessi) auskennen an déi de 7. Oktober moies vun 9:00 bis 12:00 Auer Zäit hunn, fir am Beräich vum Départ/Arrivée Fotoe vun de Leefer an der Ambiance ronderëm de Vollekslaf ze maachen.

All Member, deen interesséiert ass, fir hei eng Hand mat unzepaken, soll sech w.e.g. beim President umellen.

Sämtlech Informatiounen iwwer déi eenzel Coursen an alles ronderëm de Vollekslaf fannt der op www.walfy.lu