Vernissage Bicherdeeg-Fotosausstellung "Landscapes"

E Mëttwoch, de 14. November um 19:00 Auer ass de Vernissage vun eiser Fotosausstellung "Landscapes", déi mer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg 2018 weisen.

Et si 25 groussformateg Fotoen (50 x 75 cm) vun 13 Memberen vun de Walfer Foto-Frënn, déi vun enger Jury extra fir dës Ausstellung erausgesicht goufen.

D'Fotoen hänken am groussen Zelt, dat fir d'Dauer vun de Walfer Bicherdeeg an der enceinte vum Stade Prince Henri zu Walfer steet. D'Ausstellung ass op fir de Public vum 14. - 18. November 2018, ëmmer während den Öffnungszäiten vun de Bicherdeeg (www.bicherdeeg.lu). Den Entrée ass fräi.