Géif et kee Covid-19 a keng Pandemie, géife mer vun 20:00 Auer un alleguer zesummen op ee schéint an erfollegräicht Joer 2022 prosten!
Leider ass dee Misär bis dohinner awer net eriwwer an dofir musse mer weider op eis oppassen an déi aktuell sanitär Mesuren (maximal 10 Leit ouni Restriktiounen, >10 = Mask an Ofstand...!) respektéieren.
Mellt iech also w.e.g. am Viraus beim Präsi un!
Fotopresentatioun: Eise neie Member, de Jean-Michel Lacoste, weist eis e.A. seng rezent Fotoen aus den Alpen, wou hien am Hierscht mat sengem Fotoapparat "Juegt" op d'Gemsen gemaach huet.