Photo-Meet

Fir dësen éischte Photo-Meet vum Joer 2019 kucken an analyséiere mer zesummen déi Fotoen, déi eis Memberen bei den diversen Clubaktivitéiten 2018 gemaach hunn.

All interesséierte Member ka seng Fotoen (maximal 15) an der Member Area iwwer de Photo-Drop op eise Server héichlueden. Net vergiessen den Numm oder d'Initialen an eng lafend Nummer bei all Foto ze schreiwen. Wien säi Passwuert vergiess huet, kann dat beim President nofroen.

Wann den een oder aneren nach aner Fotoe wëll weisen (maximal 10!!), déi net am Kader vun enger Clubaktivitéit gemaach goufen, soll en déi w.e.g. op USB-Stick matbréngen. Wann nach Zäit ass, kucke mer eis déi natiirlech gären un!