Sortie op de Ban de Gasperich

Mir treffen eis ab 19:00 Auer um Ban de Gasperich fir do, an der Géigend vum Waassertuerm an der Autobunn, Nuetsfotoen ze maachen.

Parkméigelechkeeten ginn et an der Rue Guillaume Kroll, vu wou aus mer bis op d'Bréck trëppelen, déi iwwer d'Autobunn féiert.

Hei huet een e.A. eng flott Vue vun der rte d'Esch op de Waassertuerm. De 5.Oktober fänkt déi "Blo Stonn" um 19:37 Auer un, wat eis genuch Zäit léisst, fir eis ze preparéieren

Denkt un äre Stativ!