PhotoMeet = Outdoor Fotoshooting

Outdoor Fotoshooting mat engem oder méi alen Autoen an 2 - 3 definitiv manner ale Modelen.

E klengen "Teaser" als Preparatioun op eis Participatioun beim "Kiwanis History Vehicles". Mir trainéieren den Oflaf vum geplangte Shooting Enn August zu Lasauvage an donieft bleift nach genuch Zäit, fir datt jidderee seng eege Fotoe maache kann.

Bréngt also äre Fotosequippment an eng grouss Portioun gutt Laun mat! A vergiesst net fir gutt Wieder ze bieden ;-)

RV ass um 19:00 Auer um Parking bei eisem Studio.