Foto-Visite vun de Veiner Pabeier- a Béicherdeeg

Last chance fir all déi, déi nach keng Fotoe fir d'Walfer Bicherdeeg hunn!

Um Veiner Schlass sinn de WE vum 7 & 8. September déi 3. Veiner Pabeier- a Béicherdeeg, wou een e.A. ka gesinn wéi op eng artisanal Art a Weis Pabeier gemaach a Bicher gebonne ginn.

Mir treffen eis an der Entrée vum Schlass a maachen dann den Tour vun den Aussteller. Déi genau Auerzäit an eng eventuell Propositioun fir e "Covoiturage" gi mat Zäit an den "News" op eiser Homepage annoncéiert!

Wie seng Fotoen léiwer samsdes an/oder aleng wëll knipsen, kann dat natiirlech maachen. Et besteet kee "Clubzwang" ;-))