Fotosession an der Buchbėnnerei vun der Gemeng Lėtzebuerg

E Mëttwoch, den 31. Juli um 14:00 Auer (den Datum gouf geréckelt!) hu mer e RV am Service "Reliure" vun der Ville de Luxembourg. D'Madame Christina Lutgen, Buchbënnerin a responsabel fir de Service, weist eis wéi e Buch gepecht, gebitzt a "gebonne" gëtt.

Et ass ausdrécklech erlabt, Fotoen ze maachen!!!

D'Adress ass: Photothèque Municipale, 10, rue Eugène Ruppert, L-2453 Luxembourg

Well d'Chancen, datt ee virum Gebäi oder an däer Géigend eng Parkplaz kritt, extrem kleng sinn an ausserdem praktësch iwwerall Chantier a Stau ass, sollt ee genuch Zäit aplangen, fir net ze spéit do ze sinn!

Dofir ass et och wichteg datt der iech beim Sekretär oder President umellt, fir datt mer wëssen wéi vill Leit matginn an op wie mer eventuell nach waarde mussen... ;-)

Fir déi, déi aus dem Uelzechtsdall dohinner fueren: Mir kënnen och gären e "carsharing" organiséieren! Also w.e.g. am Viraus Bescheed soen!!!