Bltz-Workshop mam Pierre Levy

De Pierre weist eis an 2 - 3 Stonnen wat een alles mat engem Systemblëtz maache kann.

Ausserdem kréie mer erkläert, wéi eisen neien Yongnuo Blëtzsystem fonktionnéiert a wat een alles domat maache kann.

Wann d'Wieder et erlabt, ass de Workshop dobaussen an dauert vun 19:00 Auer bis et däischter gëtt. Esou begéine mer sämtlech Liichtverhältnisser a léieren de Blëtz resp. d'Blëtzer dem Liicht ugepasst ze gebrauchen.

Ufank um 19:00 Auer!!! Wann näischt anëscht ugekënnegt gëtt, treffe mer eis beim Studio.