History Vehicles Lasauvage

D'WFF schaffe bei den History Vehicles zu Lasauvage, de Weekend vum 31.8. / 1.9., aktiv mat fir "de gudden Zweck".

Mir sinn den offizielle "Foto-Partner" vum Organisator (Kiwanis Esch sur Alzette). Eise Stand ass bei der Kierch direkt am Agank vum Site. Do sti mer prett fir op Wonsch, am Kader vun enger "vintage" Gulf Bensinsstatioun, Fotoe vun den eenzelnen Autoen ze maachen, déi fir dësen Event  zu Lasauvage passéiere wäerten. Ausserdem wäerten eis Leit um ganze Site d'Ambiance am Bild festhalen.

All "coup de main" ass wëllkomm a wien dee Weekend Zäit huet a sech bis elo nach net ugemellt huet, kann dat nach ëmmer maachen!