Christmasshooting

Wéi all Joer, den traditionelle "Christmasshooting" am Studio!

"Dee Shooting heescht esou, well e kuerz viru Chrëschtdag stattfënnt, ma et steet néierens, datt e muss eppes mat Chrëschtdag ze dinn hunn!"

Ufank um 19:00 Auer!

D'Modelen an d'Setcrew solle w.e.g. spéitsdens fir 18:30 Auer do sinn.

Geplangt sinn 2 Set'en, eng Wanterlandschaft am grousse Studio an e Portrait-Set am klenge Studio. D'Set'en an d'Beliichtung sinn esou opgebaut, datt all Fotograf seng Fotoe maache kann, ouni datt d'Dekoratioun muss ëmgebaut ginn. D'Modelen agéieren am Kontext vun de jeweilegen Szenen, sou datt (theoretësch) all Fotograf aner Fotoen ze maache kritt.

De Shooting ass op fir all eis aktiv Memberen. Je nodem wéivill Fotografen do sinn, huet all Fotograf tëscht 5 a 15 Minutten Zäit, fir seng Fotoen ze maachen. D'Fotografen an d'Modelen wiesselen lafend tëscht den zwee Set'en.

Wie grad net am Asaz ass, kann an der "Kichen" e Patt huelen.