Foto-Tour op d'Musel

De Samsdeg, 16. Oktober, treffe mer eis nomëttes op der Musel (Zäit a Plaz gëtt nach matgedeelt) an trëppelen ronn 7,5 km ( ca 2,5 Stonnen) duerch d'Wéngerten, déi dann hoffentlech schonn e bessi Hierschtfaarw kritt hunn. Op dem Tour komme mer op flotte Plaze lanscht, sou datt et kee Feeler ass, de Fotoapparat dobäi ze hunn.

Wann et zäitlech passt, gi mer nach eng Kellerei besichen an treffen eis duerno am Restaurant (Numm an Adress gëtt nach matgedeelt) fir zesummen zu Nuecht ze iessen.

Sollt et deen Dag reenen (also sou richteg reenen), da fällt den Trëppeltour ewech a mir treffen eis direkt an der Kellerei resp. am Restaurant.

Fir dësen Tour kënnen ze organiséieren brauche mer d'Zuel vun de potenzielle Participanten bis spéitsdens de Samsdeg, 25.9.2021!!! Mellt iech also w.e.g. sou séier wéi méigelech beim President un (per Mail, SMS oder WhatsApp)!