Owessortie an d'Stad - "Winterlights"

Mir treffen eis ab 18h45 um Parvis vun der Gare zu Lëtzebuerg-Stad a ginn um 19h00 vun do aus d'Nei Avenue erop, lanscht de Rousegäertchen a Richtung Uewerstad, d'Krëschtbeliichtung fotograféieren.

Aus organisatorësche Grënn (a fir keen op der Gare ze vergiessen) ass et wichteg, datt jiddereen, deen hei wëll dobäi sinn, sech mat Zäit bei mir, beim Dan oder beim Rol umellt!

Wann d'Schlaangen beim Covid-Check net ze laang sinn oder wa se bis dohinner nach net pandemiebedingt zougemaach goufen, gi mer op ee vun de Krëschtmäert de Glühwäin "knipsen".