Vollekslaf

Wéi d'Traditioun et wëll, maache mer och dëst Joer nees de Fotosreportage vum Vollekslaf.

Et hu sech ewell eng Rei Fotografen ugemellt, ma wann den een oder anere Member nach Zäit, Loscht an dat adequat Fotosmaterial huet, fir eis beim Reportage ze hëllefen, ass e wëllkomm a soll w.e.g. eisem Sekretär Bescheed soen!

Wa mer weider Detailler zum Oflaf vum Event matgedeelt kréien (de 16.9. ass d'Pressekonferenz!), ginn déi ugemellte Fotografen direkt informéiert.