Clubowend

Clubowend am Studio.

Mir kucken zesummen d'Resultater vun däer läschter Fotosession => Lensball lightpainting vum 4.3.2024. Jiddereen, deen do dobäi war a Fotoe gemaach huet, soll w.e.g. e "best of" dovu matbréngen!

Doniewt wëlle mer am Gespréich erausfannen, wéi eng Projeten an/oder Aktivitéiten mer fir di nächste Reuniounen op de Programm setze sollen a wann nach Zäit ass, schwätze mer och nach iwwer de Sujet vum Salon National (Brécken), wou mer jo eventuell matmaache wëllen.

Ufank um 19h30