Clubowend mat Fotoprojektioun "Mustangshooting"

Mir kucken zesummen d'Fotoen, déi am Juni 2023 bei eisem Fotoshooting mat engem 1965er Ford Mustang an engem 1968er Ford Galaxie 500 an an ëm den Atelier vum Georges Carbon zu Dummeldeng entstane sinn. D'Fotografen, déi bei dem Shooting dobäi waren, solle w.e.g. hir Biller op USB-Stick matbréngen.

Uschléissend stellt eise "Modelshooting-Thinktank" hirt Konzept vir, wéi se de Sujet "Modelshooting" an den nächste Méint am Club presentéiere wëllen. Avis un all déi Memberen, déi um Sujet interesséiert sinn!