Photo-Meet

Mir kucken an analyséieren zesummen déi Fotoen, déi eis Memberen zum Thema vum Mount ofgeliwwert hunn.

Duerno siche mer déi bäscht Foto vun all Participant eraus. Aus dëser Selektioun gëtt dann d'Foto vum Mount gewielt. Suwuel d'Selektioun wéi och d'Foto vum Mount ginn op eiser Homepage 1 Mount laang gewisen.

Thema vum Mount Mee:  gëtt mat Zäit publizéiert!

All Member ka (maximal) 5 Fotoen zu dësem Thema op eise Server héichlueden. Wa méi wéi 10 Memberen bei engem Thema matgemaach hunn, komme vun all Member aus Zäitgrënn just déi 3 éischt Fotoen (01 - 03) an d'Selektioun!

Wien säi Passwuert vergiess huet, kann dat beim President nofroen.